De Goy Feltes am Interview op RTL

Goy Feltes3

De Sonndech war de Goy Feltes op RTL an hued do och vum Stockcar-Sport geschwaat. Fir déi, déi interesseiert sinn, hei ass de Link!

https://www.rtl.lu/mobiliteit/news/a/1662034.html

Fir déi eng ass den Auto just een Transport-Mëttel fir vun A op B ze kommen. Fir d’Carmen, de Carlos an de Goy ass et awer méi wéi dat.

Iwwer d’Zukunft vu sengem Hobby muss och de Goy Feltes sech eventuell Gedanke maachen. De pensionéierte Luxair-Kapitän ass nämlech leidenschaftlechen Oldtimer-Sammler. Eng Passioun, déi scho 45 Joer zeréckgeet. Ugefaangen huet alles mam éischte Motorrad am Alter vu 16 Joer. Ee Joer drop koum du schonn deen éischten Auto: een ale Chevrolet, deen hie rëm an d’Rei bruecht huet. An esou huet sech iwwer d’Joren eng impressionant Sammlung opgebaut. Dat spannendst fir hien ass dobäi d’Geschicht an d’Evolutioun vum Auto.

Den Ament ass seng Kollektioun nach am Wanterschlof. Ma am Summer fiert de Goy bal all Weekend mat sengen Autoen eraus.

Mir hu jo Benzin am Blutt. Mir freeën eis, fir Auto ze fueren! Wann mir iergendwou hi wëllen: ‘Oh jo, lo kann ech den Auto huelen. An dann dréine mer e vir, e geet un, et lauschtert een: ass alles an der Rei?’. Dat ass Begeeschterung, fir Auto ze fueren! An ech mengen, dat geet hautdesdaags bësse verluer well déi Autoen all d’selwecht sinn a méi als Bewegungsmëttel geholl ginnwéi Begeeschterung, fir Auto ze fueren.

Wat den Trend zur Elektro-Mobilitéit ugeet, esou wier de Goy Feltes net ofgeneigt, sech ee modernen elektresche Sportswon zouzeleeën. Eng aner Méiglechkeet fir Fans vun alen Autoe wier et, een Oldtimer op Elektro ëmzerëschten. Ma vun där Iddi ass de Goy net begeeschtert. Him geet et nämlech drëm, de Leit, déi Mécanique vu fréier ze weisen. Et gëtt eben keng Zukunft ouni Vergaangenheet. Vun dohier mécht et fir de Goy net vill Sënn, een Oldtimer ëmzebauen. Dovunner ofgesinn géing esou een Agrëff een enorme Wäertverloscht bedeiten, vue dass den Auto net méi a sengem Original-Zoustand wier.

Mee villäicht bleift dat an enger grénger Zukunft awer déi eenzeg, Méiglechkeet fir weiderhin mat engem Oldtimer op der Strooss fueren ze dierfen. Dat ass nämlech déi gréisste Suerg vu villen Oldtimer-Besëtzer: ee Fuerverbuet. A villen europäesche Stied ginn et schonn esou genannt “Ëmweltzonen” wou verschidde Gefierer, jee no Ofgasnorm, net méi erandierfen, mam Zil, d’Loftqualitéit ze verbesseren. An däitsche Stied gëtt et awer zum Beispill Ausname fir Oldtimer. A Frankräich, wou dëst Joer eng Rëtsch Ëmweltzonen dobäi kommen, decidéiert all Stad selwer iwwer eventuell Derogatioune fir Oldtimer. Ma nach ass ongewëss, wouhin d’Rees geet.

De Goy denkt op alle Fall net, dass et an noer Zukunft zu engem Fuerverbuet fir Oldtimere kënnt. “Et ass 0,01% vu Kilometere wat weltwäit Oldtimer fueren. Also déi kleng Freed, mengen ech, déi bleift eis.

Déi ganz Equipe vum Tornado Team Hamm wönscht Iech weiderhinn eng gudd Gesondhéet an hofft Iech irgendwann mol ërem gudd Nouvelles ze brëngen iwwert nei Coursen!

Haalt Iech monter