De Stock Car Club Tornado Team Hamm
huet déi traureg Flicht, den Doud vun sengem Grënnungsmember, Pilot, fréiere President, Vice-President a virun allem gudde Frënd
Mathias Uselding
genannt « Mett »
matzedeelen.
Ugefaangen als Grënnungsmember, huet de Mett mat vill Asaz an Erfolleg de Club an all déne Joer ënnerstëtzt a weiderbruecht. Hie war net nëmme fréiere Champion de Luxembourg an Vize-Champion mee huet och den Tornado Team Hamm bis zu lescht onermiddlech duerch säi Wëssen a Kënnen ënnerstëtzt.
Mir wäerten de Mett ni vergiessen an drécken senger Fra Irène, sengem Jong Georges an der ganzer Famill onst déifste Matgefill aus.
Äddi Mett a Merci fir alles !